Ses company
Ses security...
Ses education
Romain Bausch
De Romain Bausch, gebuer den 3. Juli1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a Manager, dee vum Mee 1995 bis Abrëll 2014 President a Generaldirekter vun der SES war.
De Romain Bausch huet zu NanzegEkonomie studéiert an huet duerno am Finanzministère geschafft, wou hien Administrateur général war. Wärend senger Zäit beim Staat war hie President vun der SNCI, vum Conseil économique et social, Regierungskommissär bei der BIL a bei der CLT.
Vun 1991 u war hie Member am Conseil d'administration vun der SES.
1995 ass hie vum ëffentlechen an de private Secteur, bei d'SES, gewiesselt a war bis zu senger Pensioun am Joer 2014 President vum Verwaltungsrot vun där Gesellschaft.
Hien ass oder war Verwaltungsrotsmember vun Aperam (2016 – 2022), BIP Investment Partners (2015 – 2018), Compagnie Financière La Luxembourgeoise (2017 – 2023) a Raiffeisen (zanter 2021).
Am November 2014 gouf hien zum President vum staatleche Gremium Conseil national de